Wëllkomm, a spill mat
Spillfabrik.lu, den Internetsite vum éischte Lëtzebuerger Spillclub.





Opgepasst! Wéinst Coronavirus ass bis op weideres keng Spillfabrik! D'AG gëtt verluegt!
Hei fannt dir Spiller fir doheem ze drécken.


Ween ass d'SPILLFABRIK?
D'Spillfabrik ass e Club mat Memberen, déi begeeschtert a faszinéiert vu Gesellschaftsspiller jiddwer Aart sinn.


Jiddweree ka matspillen
Mir treffen eis all Donneschden zu Gousseldeng an der aler Schoul. Ab 19:30 Auer spille mir a gemittlecher a familiärer Atmosphär verschidde Gesellschaftsspiller.
Mir invitéiere jiddweree fir emol eng Kéier kucken a matspillen ze kommen.

Wat gëtt gespillt?
Mir spillen all Genre vu Gesellschaftsspiller. Mir hu selwer e grousse Choix u Spiller, mä wann een e Spill doheem huet wat e gäre géif spille kann en dat selbstverständlech och matbréngen.


Wien spillt?
Eis Spillgruppen si gutt gemëscht. Bei eis ass jiddweree gläich, onofhängeg vu Beruff, Geschlecht oder Alter. Jiddwereen ass wëllkomm. Du muss just gutt Laun a Begeeschterung fir Gesellschaftsspiller matbréngen.



        
Mir sinn och op
Facebook, Instagram,
an um BoardGameGeek:


Designed by Laurent Kruchten / Alain Baum